Material: / Spiller: mindestens 10 D’Spiller ginn an 2 Gruppen agedeelt. All Grupp stellt sech niewenteneen an eng Rei an d’Spiller ginn sech d’Hand. D’Gruppen stinn vis-a-vis vuneneen mat engem Ofstand […]
Dobaussen
Schau nicht um, der Fuchs geht um
Material: 1 Foulard oder ähnleches Spiller: mindestens 6 D’Spiller sëtzen sech an e Krees. Een Spiller ass de Fuuss a geet ronderëm de Krees. D’Spiller am Krees maachen d’Aen zou […]
Een Elefant, … / Un éléphant
Material: / Spiller: mindestens 4 D’Spiller bilden e Krees a leen jeeweils hier riets Hand op hirem rietsen Noper seng lénks Hand. Ee Startspiller gëtt definéiert. D’Spiller sangen elo dëst Lidd: „Een Elefant […]
Eckerchers
Material: 1 Ball, Reefer oder soss Basen Spiller: mindestens 8 D’Spiller ginn an 2 Gruppen opgedeelt. En rechteckegt Feld mat Basen um Umfang vum Feld ca. all 10-15 Meter gett […]
Hullahoop
Material: een Hullahoopreef Spiller: mindestens 6 D’Spiller stellen sech an e Krees a ginn sech d’Hand. Op enger Platz gëtt den Hullahoopreef ronderëm en Aarm geluecht. Dësen muss elo den Tour vum Krees maachen, […]
Dräiecksfänken / Jeu du loup en triangle
Material: eventuell Bännecher an 3 Farwen Spiller: mindestens 9 D’Spiller ginn an 3 Gruppen agedeelt an am beschte visuell markéiert. All Grupp kritt eng Basis um Buedem markéiert (mat Kräid, engem […]
10 Passen / 10 passes
Material: 1 Ball Spiller: mindestens 6 D’Spiller ginn an 2 Gruppen agedeelt. De Ball gëtt an d’Mëtt vun de Spiller geheit. Ween de Ball opfänkt, deem seng Equipe fänkt un. Et […]
Bodyguard
Material: 1 mëlle Ball Spiller: mindestens 6 D’Spiller stellen sech an de Krees. Jee nom Alter vun de Spiller gëtt de Krees méi grouss oder kleng gemaach. 2 Spiller ginn an d’Mëtt […]
Störradio / Radio avec troublements
Material: / Spiller: mindestens 6 D’Spiller ginn an 3 Gruppen agedeelt. Dës Gruppen stellen sech jeeweils niefteneen an eng Rei. D’Gruppen stinn parallel zoueneen mat jeeweils puer Meter Ofstand. Eng vun de Gruppen op […]
Ninja
Material: / Spiller: mindestens 4 D’Spiller stellen sech enk an engem Krees op. No engem Startsignal sprange si no hannen (aus dem Krees) mat engem “Ninja-Gejäiz” a bleiwen an enger […]
Ballpassen / Passes avec un ballon
Material: 2 BällSpiller: mindestens 8 D’Spiller ginn an 2 Gruppen agedeelt a stellen sech an hirer Grupp hannereneen op. Den éischte Spiller kritt de Ball. De Ball muss elo vu fir […]
Wee färt den …? / Qui a peur de…?
Material: / Spiller: mindestens 4 Een Fänkert gëtt ausgewielt. Hien stellt sech an d’Mëtt vum Terrain. Déi aner Spiller stellen sech op eng Säit vum Terrain. De Fänkert rifft elo „Wee färt…“ (zum […]
Werwollef / Loup garou
Material: / Spiller: mindestens 6 D‘Spiller stinn oder setzen an engem Krees. De Chef geet e puer Mol ronderëm de Krees an tippt een oder méi Spiller liicht un. Dëst ass de […]
Wee sinn ech? / Qui suis-je?
Material: / Spiller: mindestens 2 Ee Spiller kritt eng Roll zougedeelt, zum Beispill en Déier, eng Comicfigur, eng Figur aus enger Geschicht, e Star, … De Spiller däerf net matkréien, wien oder […]
Bis 3 zielen / Compter jusque 3
Material: / Spiller: mindestens 2 D’Spiller stellen sech zu 2 an 2 vis-a-vis vuneneen. Si mussen elo ëmmer nees bis 3 zielen. Deen éischte Spiller seet 1, den zweete Spiller 2, den éischte […]
1, 2, 3 Sonn / 1, 2, 3 soleil
Material: / Spiller: mindestens 3 Ee Spiller gëtt ausgewielt a stellt sech ongeféier 20 Meter vun den anere Spiller ewech. Dëse Spiller dréint sech elo kuerz em an rifft „1, 2, 3 Sonn“. Wärend dëser Zäit lafen déi […]
Foto-Klick
Material: / Spiller: mindestens 2 D’Spiller spillen ëmmer zu 2 zesummen. 1 vun den 2 Spiller kritt d’Aen verbonnen. Den anere Spiller dréint de blanne Spiller als éischt puer mol em sech selwer […]
Wou ass mein Bam? / Où est mon arbre?
Material: / Spiller: mindestens 2 D’Spiller spillen ëmmer zu 2 zesummen. 1 vun den 2 Spiller kritt d’Aen verbonnen. Den anere Spiller dréint de blanne Spiller als éischt puer mol em sech selwer […]
1, 2 oder 3? / 1, 2 ou 3?
Material: Froen, evt Pärelen an Becheren Spiller: egal Et ginn 3 Platzen definéiert, zB 3 rechteckeg Felder niewenteneen oder 3 Beem. Dës stinn fir d’Zuelen, 1, 2 an 3. D’Kanner kréien […]
Féier, Waasser, Loft / Feu, eau, air
Material: / Spiller: mindestens 4 Et ginn verschidde Kommandoen definéiert. Heibäi sinn der Fantasie keng Grenze gesat an d’Kommandoen kënnen flott dem Thema vun der Aktivitéit ugepasst ginn. Am Originalspill ginn […]
Orchester / Orchestre
Material: / Spiller: mindestens 6 D’Spiller stellen sech an e Krees. Een Spiller gëtt ausgesicht an ass den Detektiv. Hien verléisst kuerz de Krees. Elo gëtt geheim en Dirigent bestëmmt. All d’Spiller […]
Uschlaichen a Klauen / Ramper et voler
Material: kleng Objeten Spiller: mindestens 4 D’Spiller bilden e Krees. Ee Chef oder Spiller stëllt sech mat verbonnenen Aen an d’Mëtt vum Krees. Virun hien ginn kleng Objeten als „Schatz“ […]
Foulardsspill / Jeu du foulard
Material: 1 Foulard oder ähnleches Spiller: mindestens 6 D’Spiller ginn an 2 Gruppen opgedeelt a stellen sech niewenteneen an 2 géinteniwwerleient Linnen op. All Kand kritt eng Nummer. D’Nummeren mussen ëmmer an all […]
Sache verstoppen / Cacher des objets
Material: Kleng Objeten Spiller: mindestens 8 Ongeféier ¼ vun de Spiller ginn ausgewielt a kréien kleng Objeten, déi si op engem definéierten Terrain solle verstoppen, wärend déi aner Spiller net kucken. Déi aner Spiller […]
Passespill / Jeu de passes
Material: 2 Bäll Spiller: mindestens 8 D’Spiller ginn an 2 Gruppen agedeelt a stellen sech an e Krees, ëmmer ofwiesselend een aus där enger an een aus där anerer Grupp. 2 Kanner aus […]
Uschlaichen / Ramper à pas de loup
Material: 1 Foulard oä Spiller: mindestens 5 D’Spiller setzen oder stellen sech an e Krees. Een Spiller geet an d’Mëtt vum Krees an kritt d’Aen verbonnen. Dëse Spiller kritt e […]
Zombieball
Material: mëlle Ball Spiller: mindestens 6 Et gëtt een Terrain definéiert. D’Spiller spillen all géint jiddereen. Et geet drëm, déi aner Spiller mam Ball ofzeschéissen. Wee getraff ass, geet aus dem Spillfeld a […]
Mäerder / Meurtrier
Material: / Spiller: mindestens 6 D’Spiller stellen sech an e Krees. All d’Spiller kucken op de Buedem. De Spillleeder zielt elo “1, 2, 3”. Bei 3 muss all Spiller séier eropkucken an genau […]
Baatschecourse / Course à bâche
Material: mindestens 2 Baatschen Spiller: mindestens 8 D’Grupp gëtt jee no Gréisst an 2 oder méi Gruppen agedeelt. All Grupp kritt eng Baatsch. Dës ginn all op eng Startlinn geluecht. Et gëtt eng Zillinn […]
Blablabla
Material: / Spiller: mindestens 5 D’Spiller stellen sech an e Krees. Et ginn 3 Wieder ausgesicht (am Beschten mindestens 3-silbeg). Den éischte Spiller seet eent vun de Wieder, de rietsen Noper dat […]
Popcorn
Material: 1 Seel / Kräid Spiller: mindestens 6 Mam Seel oder der Kräid gëtt e Krees um Buedem markéiert. Ee Spiller gëtt ausgewielt. Hien ass e Popcorn. All déi aner Spiller sinn Maiskären. De […]
Emronnen / Autour d’une personne
Material: / Spiller: mindestens 5 All Spiller sicht sech heemlech am Kapp een anere Spiller aus. Op e Startzeechen hin muss jiddereen probéieren, 3 mol ronderëm déi ausgewielte Persoun am Krees ze lafen. […]
Zauberball / Balle magique
Material: / Spiller: mindestens 8 D’Spiller stinn an engem Krees. Een Spiller hält en imaginäre Zauberball an den Hänn a gëtt en un säin Noper weider, dëst mat engem “zwuuuusch” Geräisch. […]
Evolutioun
Material: / Spiller: mindestens 4 Um Ufank vum Spill sinn all Spiller Amöben. Dat heescht si béien sech no vir, loossen hir Äerm schwenken a maachen “Gulli-Gulli …”. Wann eng Amöb […]
Mäerder an Detektiv / Meurtrier et détective
Material: / Spiller: mindestens 8 D’Spiller stinn oder setzen an engem Krees. Een Spiller gëtt zum Detektiv ernannt a geet eemol kuerz vum Grupp fort. Elo gëtt tëscht den anere Spiller […]
Aisbier a Pinguin
Material: / Spiller: mindestens 6 D‘Spiller stinn zu 2 an 2 beienee (halen sech bei der Hand oder hunn d’Ärem agekrämpt). Si sinn alleguer Pinguinen. Dann gëtt et awer och […]
Klappspill
Material:/ Spiller: mindestens 5 All Spiller leeën hir Hand op dem Noper säin Uewerschenkel, dat heescht déi lénks Hand um rietsen Uewerschenkel vum lénksen Noper an déi riets Hand op de […]
Ying Yang
Material: / Spiller: mindestens 6 D’Spiller stellen sech an e Krees. Ee Spiller fänkt un a leet eng Hand op de Kapp, seet “Ying” a wéisst mam Zeigefanger um Kapp op […]
Käschtespiller / Jeux avec des marrons
Material: 3 Käschten pro Kand, Bensinssteft, Kräid, Tennisbäll oä, Béchsen Spiller: mindestens 2 Petanque: All Kand kritt 3 Käschten a schreift säin Ufanksbuschtaf vum Numm op d’Käschten. D’Kanner deelen sech a Gruppen vun 2-4 […]
Schëffer versenken
Material: Spillfelder, pro Grupp eng Faarf kleng Ziedelen + Pärelen, pro Grupp eng blo+rout+schwaarz Faarf Spiller: mindestens 8 D‘Grupp gëtt an 2 Gruppen ënnerdeelt déi géinteneen spillen. Als éischt positionéieren si op engem kopéierte Spillfeld hier Booter, zeechnen des […]
Katz a Maus / Chat et souris
Material: / Spiller: mindestens 8 Enner de Spiller gëtt eng Katz an eng Maus ausgewielt. Déi aner Spiller stellen sech an ee Krees a ginn sech d’Hänn. D’Maus fänkt d’Spill bausse […]
Pëppchen
Material: 1 Ball Spiller: mindestens 4 Fir unzefänken kritt 1 Spiller de Ball. Déi aner Spiller paken dëse Spiller mat enger Hand un. De Spiller geheit elo de Ball an d’Luucht a rifft dobäi […]
Peter Pan Fänken / Jeu du loup Peter Pan
Material: / Spiller: mindestens 8 Jee no Gruppegréisst ginn 1-3 Fänger bestëmmt. Des verloossen kuerz de Grupp. De Grupp bestëmmt lo jee no Gréisst 1-3 Peter Panen. D’Fänger kommen elo bei de Grupp a probéieren, […]
Kënneleierbingo / Bingo pour faire connaissance
Material: 1 Fiche an 1 Bic pro Spiller Unzuel u Spiller: ab 4 All Spiller kritt eng Fiche (zB déi aus der Annexe). D’Spiller mussen elo aner Spiller fannen, op déi d’Aussoen um Blat […]
Tipi emgeheien / Renverser des tipis
Material: 3 Bengelen pro Spiller Unzuel u Spiller: egal All Spiller sicht sech 3 Bengelen (je ca. 70-100 cm). Des stellt hien als Tipi op. Wann jidderengem säin Tipi stoen huet, […]
Sproochspiller / Jeux de parole
Material: 1 Läffel Unzuel u Spiller: egal Hei sinn verschidde Sproochspiller, bei deenen et ëmmer een „Trick“ gëtt, deen d’Spiller mussen erausfannen. D’Spiller sëtzen am Krees a soen een nom aneren ee […]
Britesch Bulldog / Bouledogue britannique
Een Spiller gëtt zum Fänger bestëmmt. Hien stellt sech un een Enn vum Spillfeld, déi aner Spiller op dat anert Enn. Nom Startsignal leeft de Fänger lass a probéiert, souvill wéi méiglech […]
Hond a Meeschter / Chien et maître
Material: / (evt Still) Unzuel u Spiller: minimum 9 D’Hallschent vun de Spiller stellt sech an e Krees a mécht d’Hänn op de Réck. Déi aner Spiller verdeelen sech virun déi Spiller déi am […]
Potto / Poteau
Material: / Unzuel u Spiller: minimum 8 D’Spiller stellen sech all ronderëm 1 Spiller an e Krees a ginn sech d’Hänn. De Spiller an der Mëtt ass de Potto. De Potto […]
Zeigefingerklau / Vol de l’index
Material: / Unzuel u Spiller: egal D’Spiller stellen oder setze sech an e Krees. All Spiller hält déi lenks Hand mat der Handfläch no uewen nieft sech. Mat der rietser Hand streckt jiddereen säin […]
Mënschememory / Memory humain
Material: / Unzuel u Spiller: minimum 10 2 Spiller, d’Memoryspiller, ginn kuerz aus dem Raum. Déi aner Spiller (Memoryskaarten) sichen sech lo jeeweils e Partner an iwwerleeë sech mat dësem eng Beweegung (Grimass, Danzbeweegung, […]
Wat fehlt? / Qu’est-ce qui manque?
Material: 10-15 Objeten oder Biller Unzuel u Spiller: minimum 3 D’Spiller stellen oder sëtzen sech an e Krees. D’Objeten oder Biller ginn an d’Mëtt vum Krees geluecht. Jiddereen kuckt sech d’Saachen […]
Reise nach Jerusalem (banne, baussen a kooperativ) / Chaises musicales (intérieur et extérieur)
Material: Bannen: Still, Musek Baussen: Rucksäck oä, Musek oder Päif Unzuel u Spiller: egal Bannen: Et ginn souvill Still wei Spiller an e Krees (Sëtz no baussen) oder an 2 Reien mam Réck widdereneen opgestallt. […]
Bësch-Cactus / Faire des courses dans la forêt
Material: 1 Bic/Bläistëft pro Persoun/Grupp 1 geprinte Lëscht pro Persoun/Grupp Unzuel u Spiller: egal All Spiller kritt eng Lëscht mat Saachen, déi hien am „Bësch-Cactus“ soll akafen, also sichen. D’Lëscht besteet […]
Fänk-Verstoppen / Jeu du loup cache-cache
Material: eng Fläsch/Bechs/… Eng Persoun gëtt ausgewielt. All déi aner Spiller ginn sech verstoppen. Op e Signal hin muss de Sicher déi verstoppte Spiller sichen an oofklappen. Op der Platz wou hien gewaart huet bis déi aner […]
Fëschernëtz / Filet de pêche
Material: / Unzuel u Spiller: minimum 8 Een Deel vun de Spiller ginn zum Fëschernetz (minimum 4 Leit), déi aner sinn Fësch. D’Fësch entferne sech e bëssi vum Netz. Déi Spiller déi d’Netz bilden ginn […]
Hänn fänken / Attraper des mains
Material: 1 Seel (ca. 15 m) Unzuel u Spiller: minimum 8 D’Seel gëtt mat engem Knuet un béiden Ënner verbonnen. D’Spiller verdeelen sech elo baussen vum Seel an halen d’Seel mat […]
Dokter Knuet / Docteur noeud
Material: / Unzuel u Spiller: minimum 8 Een Spiller ass den Dokter Knuet an stellt sech e bëssi vun den anere Spiller wech an dréit dësen de Réck zou. Dei aner Spiller bilden elo e Knuet. […]
Sichspill / Jeu de quête
Material: – Gummiband (1 Stéck pro Persoun) – 2 Bürosklamere pro Persoun – Decke Pabeier an 2 Faarwen, a Stecker vun ca. 10x5cm geschnidden (ca. 5x souvill Stecker wei Spiller) – decke Stëft – […]
Mini Capture the flag
Material: 2 „Fändelen“ (Bengel mat Stofffatz oder Duch) Seeler oder Kräid fir d’Zonen ze markéieren Unzuel u Spiller: minimum 8 D’Spiller ginn an 2 Gruppen agedeelt. Den Terrain besteet aus […]
Wuert-Akrobaten / Acrobates de mots
Material: 1 Blat pro Persoun 2 Klamere pro Persoun 2 dëck Stëfter Unzuel u Spiller: 10-20 D’Spiller ginn an 2 Gruppen agedeelt. All Grupp wielt sech e Wuert […]
Aaf, Elefant, Palm / Singe, éléphant, palmier
Material: / Unzuel u Spiller: minimum 8 D’Spiller stellen sech an ee Krees. Eng Persoun geet an d’Mëtt vum Krees. Et ginn verschidde Beweegungen definéiert, déi jeeweils zu 3 Persounen mussen ausgefouert ginn. […]
Schnick-Schnack-Schnuck-Fänken / Jeu du loup pierre-papier-ciseaux
Unzuel u Spiller: minimum 2 Material: / Fir dëst Fänkspill ginn d’Spiller an 2 Gruppen agedeelt. Et gëtt eng Mëttellinn an 2 Endlinnen definéiert. D’Endlinnen mussen op all Seit nämmlecht weit vun […]