Material: 1 Ball
Spiller: mindestens 4
Fir unzefänken kritt 1 Spiller de Ball. Déi aner Spiller paken dëse Spiller mat enger Hand un. De Spiller geheit elo de Ball an d’Luucht a rifft dobäi den Numm vun engem anere Spiller. All d’Spiller ausser déi geruffe Persoun lafe sou séier wei méiglech vum Ball fort. De geruffe Spiller fänkt sou seier wei méiglech de Ball a rifft dann haart „Stop“. Déi aner Spiller mussen elo stoen bleiwen, sech dem Spiller mam Ball zoudréien an mat den Ärm virun sech e Krees (Kuerf) formen. De Spiller mam Ball däerf elo 3 Schrëtt op een Spiller senger Wal zoumaachen. Hien muss da probéieren, de Ball an dësem säin Krees/Kuerf ze schéissen. Klappt dëst, kritt déi getraffe Persoun 1 „Pëppchen“. Elo geet et nees selwecht lass, déi virdrun geruffe Persoun huet elo de Ball. Wann een Spiller 3 Pëppercher huet, kritt dëse Spiller vun den anere Spiller e Spëtznumm a gëtt vun do un just nach mat dësem Numm geruff.
Matériel: 1 balle
Joueurs: au moins 4
Pour commencer, 1 joueur reçoit le ballon. Les autres joueurs touchent ce joueur d’une main. Le joueur lance maintenant la balle en l’air et appelle le nom d’un autre joueur. Tous les joueurs, à l’exception de la personne appelée, fuient le ballon aussi vite que possible. Le joueur appelé attrape le ballon aussi vite que possible puis crie «Stop». Les autres joueurs doivent s’arrêter, se tourner vers le joueur avec la balle et former un cercle avec leurs bras devant eux. Le joueur avec le ballon peut maintenant faire 3 pas vers un joueur au choix. Il doit alors essayer de tirer le ballon dans ce cercle / panier formé par les bras de ce joueur. Si cela réussit, la personne affectée recevra 1 point négatif. Maintenant, on recommence, la personne précédemment appelée a maintenant le ballon. Si un joueur a 3 points, ce joueur obtient un surnom des autres joueurs et n’est appelé que par ce nom à partir de là.