Notes
Tipp:
Crème mat Wäisse Kéis (Remark: keng Kiwi, kee frëschen Ananas)
Ingredients
- 2 ZL Zitrounesaaft
- 1 ZL Hunneg
- 2 Orangen, geschielt, d’Zéiwen a Stécker geschnidden
- 2 Äppel, gewäsch, geschielt an a Stécker geschnidden
- 2 Banannen, geschielt an a Stécker geschnidden
- 50 g gehaakten Hieselnëss
- Summer:
- 2 ZL Zitrounesaaft
- 1 ZL Hunneg
- 1 Piisch, gewäsch, ouni Kär a Stécker geschnidden
- 2 Biren, gewäsch, ouni Kären a Stécker geschnidden
- 250 g Drauwen, gewäsch an eemol duerchgeschnidden
- 125 g Bieren (z.B. Schwaarzbier an Hambier), gewäsch an ouni Still
Instructions
- Et kann een och all aner Uebst dobäiginn, do kann ee maachen, ewéi ee wëllt. Just oppassen op den Transport an ewéi laang d’Uebst sech hält. En Trick, wann d’Uebst net richteg zeideg ass: Mat Äppel eng ganz Nuecht an enger Tut zesummenlee!en. Emgekéiert soll ee keng Äppel mat aneren Uebstzorten zesummeleeën, soss gi se séier faul. Dat huet dem Peptin vum Apel ze dinn.
- Esou gëtt et gemaach: Alles zesummemëschen. D’Nëss, den Zitrounesaaft an den Hunneg dobäginn.