Skip to content
Jump to recipe
Tiramisu
Cook Time
1 hour, 30 minutes
Total Time
1 hour, 50 minutes
Ingredients
- 2 Eegiel
- 20 g Pudderzocker
- 250 g Mascarpone
- 2 cl Ram
- 40 Läffelsbiscuiten
- 2 cl Amaretto (oder fir kleng Kanner Kakao mat Mëllech gemëscht)
- 2 cl Espresso
- Kakao fir driwwerzestreeën
Instructions
- D’Eegiel an d’Eewäiss trennen. Mam Mixer oder Schnéibiesem d’Eegiel mam Zocker schaumeg schloen. D’Mascarpone ënnermëschen. D’Eewäiss zu Schnéi schloen an och drënnerhiewen. D’Ram zu Schlagsan schloen an och drënnerhiewen.
- Den Espresso zéckeren an e bëssen Amaretto dramaachen (jee no Goût).
- D’Läffelsbiscuiten 1 bis 2 Sekonnen an de Kaffi zappen, dono de Buedem vun enger flaacher Schossel vun 20 op 20 cm domat beleeën. Et soll een de Buedem vun der Schossel net méi gesinn.
- Dono mat enger Schicht Crème ofdecken, dann erëm eng Schicht Biscuiten.
- Zum Schluss eng Schicht Crème. Dat Ganzt op d’mannst 2 Stonnen an de Frigo stellen.
- Zum Schluss de Kakaopolver driwwerstreeën.
- Wann ee Schlagsan mécht, solle Ram a Schossel ganz kal sinn. Et kann een och e puer Drëpsen Zitroun dobäiginn, da gëtt d’Schlagsan méi séier steif.