Zu Arel op der Knippchen

      G                         D              G
1. Zu Arel op der Knippchen, do sin déi Weiber frou.
                                  D               G
Si huele gär eng Schlippchen, eng drénkt der aner zou.

                    C                   D          G
Ref: Bereléng léng, direlire léng, bereléng léng, direlire léng,
    D          G             D               G
eng drénkt der aner zou, eng drénkt der aner zou.

2. Et souzen dräi Gefuedeschen am Wiirtshaus bis an d’'Nuecht
mat hirem Parlatinchen an dronken eng Mooss er uecht.

3. Déi eng hëlt hire Mantel a schläicht verbuergen heem.
Si geet an d'Bett sech leën, klot iwwer Aarm a Been.

4. A wéi de MAnn erëmkoum, frot hien: "Wou as mäi Weib?"
"Si läit am Bett do uewen, huet wéi an enger Träip."

5. De Mann, dee rennt op d’Kummer,setzt sech bei d'Bett op d'Bank.
"O du méng arem Frächen, watfeelt der, bas de krank?"

6. "Ech hun derëinscht ganz warem vum kale Bur gedronk.
Hätt ech eng Schlippchen Alen, wär ech erëm um Spronk!"

7. Gläich as de Mann bekëmmert: "Hei Mod, schwenk du e Glas!
An huel déi zenne Kännchen an zap vum beschte Faass!"

8. "Setz alles bei dat Feier a maach et gliddech heess!
Dong Zocker dran a Geimer, da könnt se an de Schweess!"

9. Wei si de Wäin gedronken, dréit si sech ëm a laacht:
"Esou kann een déi Männer beduxen, datt et kraacht!"

10. De Mann hätt dat soll wëssen, hien hätt geholl e Schäit,
fir d'Rëpper hir ze schmieren, dat wär déi héchsten Zäit!