Fei Leit gin zu Fouss (Kassette Scoutslidder FNEL&LGS 1989)
1. C
Un der Atert, no beim Waasser,
G
wou di grousseg Pëppele stinn,
F C
wunnt de Bauer Péitche Lauer
G7 C
a säi Meedchen, d'Josefin.
Ref.: C
O meng Modi, wat e Stodi,
G
voller Zodi Josefin.
F C
Ech gesinn dech nach e wéineg,
G7 C
an da ginn ech, Josefin.
2.C
Hie war ëmpeg, hat war dëmpeg,
G
sou eng Nuddeldampmaschinn.
F C
Hien hat néng a sengen Händchen,
G7 C
dofir zéng hat d'Josefin.
Ref.3. C
Jidder Mueren, Kéi a Geessen,
G
dreift bei d'Baach mat frouer Minn,
F C
An all Joer, sou ëm d'Fouer,
G7 C
geet an d'Waasser d'Josefin.
Ref.4. C
An et wäscht sech, dofir hëlt et,
G
Palmolive mat Lanoline,
F C
An da blénkt et, an et sténkt net
G7 C
méi wéi virdrun, d'Josefin.
Ref.5. C
Eemol goung et, eemol stoung et,
G
bei der Baach, eist Josefin,
F C
an du rëtscht et, an du glëtscht et,
G7 C
flupp an d'Baach eist Josefin.
Ref.6. C
't huet getuddelt, 't huet gespruddelt,
G
an der Baach, eist Josefin,
F C
well ech awer d'Waasser scheien,
G7 C
loossen ech et leien, d'Josefin.
Ref.7. C
Op dem Kierfecht bei der Atert,
G
wuessen Tulpen a Jasmin,
F C
Rousen och an aner Blummen,
G7 C
gutt gemëscht duerch d'Josefin.
Ref.8. C
An de Bauer Péitsche Lauer,
G
weess vu Leed net méi wouhin,
F C
dofir kräischt en, dofir säift en,
G7 C
bis en ass beim Josefin.
Ref. 9. C
Ech vermëssen! Ech vermëssen!
G
Ech vermëssen d'Josefin!
F C
Dofir këssen ech seng Schwëster,
G7 C
a vergiessen d'Josefin.
Ref.10. C
Loosst iech soen, all dir Jongen:
G
Hutt och dir e Josefin,
F C
musst dir léiere kënstlech Ootmung,
G7 C
dat kann d'Rettung fir hatt sinn!