Léiwejuegd

Wëllefchersformatiounsekipp

1. Mir ginn op eng Léiwejuegd, Mir fänken eis deen décksten

    E schéinen Dag – Kuck mol all déi schéi Blummen

    Oh-oh –  E Bësch, En groussen däischteren dichte Bësch

Ref:      Mir kënnen net driwwer gon

            Mir kënnen net drënner gon

            Mir kënnen net rondrem goen

            Da gi mer derduerch

            Ratsch ratsch

Mir ginn op eng Léiwejuegd …oh-oh

   Eng Wiss – Eng riseg gréng a nass Wiss

Mir ginn op eng Léiwejuegd … oh-oh

E Sumpf – En brongen déiwe sumpfege Sumpf

Mir ginn op eng Léiwejuegd …oh-oh

E Léiw

A séier zréck

Duerch de sumpfege Sumpf

Duerch déi naass Wiss         

Duerch deen donkle Bësch

Ouf gerett