https://www.youtube.com/watch?v=sAoi4aNHCyc&feature=youtu.be
[YouTube embed not working]
C
1. Et wuessen an de frieme Länner,
G7
vill schwéier Wäiner, rout a wäiss.
Si si gesicht vu ville Kenner,
C
vum Rhäin bis déi Säit vu Paräis.
Ech hale mech un d’Muselblimmchen,
F
dat as de Wéngche fir eist Land
G7 C
geet dem Jonktem wéi dem Éimchen,
G G7 C
wann si en drénke mat Verstand
C
Ref: Kättche, Kättche, bréng mer nach e Pättchen,
G7
vun der Musel a soss keen.
F G
Ei, wéi schmaacht mer dee Kadettchen,
C
't as en Dronk fir Broscht a Been.
Kättche, Kättche, bréng mer nach e Pättchen,
F
vun der Musel a soss keen.
C Am F
Ei, wéi schmaacht mer dee Kadettchen, 't as en Dronk
G7 C
fir Broscht a Been.
2. Wou kënnt dir nach e Wéngche fannen,
esou gemittlech an sou frësch.
'T gët een esou liicht dervun heibannen,
dir git gesond ewéi e Fësch.
Vill Wäiner maachen d’Leit wéi rosen,
d'Gestichter glouse wéi eng Schmelz,
mä dat muss een dem Misler loossen,
hie suergt dass du de Kapp behäls.
3. Ob dir bedréift sid oder lëschteg,
en deet séng Flicht zu jidder Stonn.
En as vun heem aus fromm a chrëschtlech,
e krut de Sege vun der Sonn.
Bleift him ewech mam Zockerwaasser,
e brauch nët méi gedeeft ze gin,
e sëngt mam Lenz nët fir ze spaassen:
Mir wëlle bleiwe wat mir sin!