E Scout ass emmer monter

Fei Leit gin zu Fouss (Kassette Scoutslidder FNEL&LGS 1989)

1 . E Scout ass ëmmer monter

e Scout päift sech ni midd;

Vun Housen bis op Conter,

wou dir en och gesidd.

Hien laacht a séngt a fleet, am Bësch an op der Heed.

 

Ee Scout dee schmunzt a päift

Wann d’Flemm och ëm sech gräift,

E Scout kann ëmmer laachen, e Scout as ëmmer frou

Hie wees an alle Saachen, e Mëttel ëmmerzou.

 

2.  Fréi muerges aus den Zelter

an d’Sonn, an d’Loft, op d’Heed;

Dat sinn dem Scout seng Welten

dat ass séng gréisste Freed,

Wéi d’Villercher am Bësch, päift hien sou fräi a frësch.

 

3. Wann d’Zopp nët grad geroden,

De Kaffi ëmgeschott;

De Biffdeck ugebroden,

frësst hie nët gläich säin Hutt;

Hie bleift e ganze Jong a spëtzt zum Päifen d’Zong.

 

4. Ass d’Aarbescht muenchmol schwéier,

sinn d’Kniet am Holz oft déck,

an drëpst de Schwees méi séier,

de Scout bleift iewer fléck.

Hie räisst e gudde Witz, a seet der Flemm: Hei jitz.