Am G Se sinn iwwerall dobäi, wouhinner mer ginn, F G Eis bescht Komeroden, egal wou mer sinn. Am G Se sinn ëmmer zu zwee, stinn ni eleng, F G Halen zesummen, näischt kritt se kleng. Am G Se sinn heiansdo mol knaschteg, heiansdo mol naass, F G Awer mat hinne mëscht dee längste Marsch och Spaass. Am G A sinn se eis ze kleng, einfach net méi mooss, D F G Huet en néit puer Biergschong eis nach ni am Stach gelooss.
Am E Biergschong, sprang duerch all Pull, G D Mat dëse Biergschong, fills du dech cool! Am E Kuck meng nei Biergschong si komplett versaut. G D Ouni meng Biergschong wier ech kee Scout!
Am G Wat mëss de mat dengen Allstars hei um Camp Volant? F G Hei gëtt et Bulli, Reen a Béchse mee sécher kee Vol au Vent. Am G Mat dengen neien Nike Turnschlappe lants an der nächster Baach, F G A so lo net deng Mam hätt keng frësch Kleeder agepaack! Am G Deng elle Crocs'e sinn net fir duerch de Bësch, F G Déi si mol net gutt fir doheem dofir gehei se dach op d'Mëscht. Am G Wat mécht en Teenie wéis du mat Talleke Schong? D F G Dat eenzegt wat 's de bei eis brauchs dat sinn, dat sinn deng
Am E Biergschong, sprang duerch all Pull, G D Mat dëse Biergschong, fills du dech cool! Am E Kuck meng nei Biergschong si komplett versaut. G D Ouni meng Biergschong wier ech kee Scout!
C DBierg! Schong! Am C D
10 Kilometer mat de Bierg! Schong! Am C D
50 Kilometer mat de Bierg! Schong!
Am G F G132'420 Kilometer, schmëlze wéi Botter, mat menge
Am E G D Biergschong! Biergschong! (x2)
Am E Biergschong, sprang duerch all Pull, G D Mat dëse Biergschong, fills du dech cool! Am E Kuck meng nei Biergschong si komplett versaut. G D Ouni meng Biergschong wier ech kee Scout!