Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 750 g Miel
- 6 Eeër
- 1 Pour Salz
- Waasser
- 400 ml Mëllech
- kleng geschniddene moere Speck (Vegetarier loossen deen ewech)
- Kompott
- Ram
- Kéis
Instructions
- D’Miel an eng Schossel schëdden, an der Mëtt eng Kaul maachen an doranner ginn D’Eeër, d’Salz an ofwiesselnd e Schotz Mëllech an e Schotz Waasser verschafft, bis een net ze festen Deeg entsteet. Gutt klappen, bis den Deeg Blose wërft.
- E bësse roue loossen.
- An där Zäit am groussen Dëppen d’Waasser (mat Salz) un d’Kache bréngen, dass et spruddelt.
- En Zoppeläffel an d’gliddegt Waasser zappen (verhënnert, dass den Deeg um Läffel peche bleiwt) an domadder dann vum Bord vun der Schossel e wéineg Deeg ophuelen an de Läffel an d’kachend Waasser haalen, bis den Deeg erofgeet. Dann nees e bëssen Deeg op de Läffel an an d’Waasser ginn an esou virun, bis dass de ganzen Deeg verschafft ass.
- Wat d’Kniddele méi kleng sinn, wat se besser schmaachen.
- Wann d’Kniddelen am Waasser eropkommen, si se gutt duerch.
- Déi fäerdeg Kniddele mam Schäffläffel eraushuelen an an enger Schossel waarm haalen, bis d’Kniddelen all fäerdeg sinn.
- An enger Pan e Schnatt Botter zerlaafe loossen an de Speck dodrann krupseg broden (awer net verbrennen).
- De Speck bei d’Kniddele ginn an direkt gutt waarm zerwéieren.
- Et kann een d’Kniddele mat Ram, Schwäizer Kéis oder Äppelkompott (oder alles beieneen) iessen.
- Dozou passt am Summer eg frësch gréng Bliederzalot oder de Wanter iwwer eng Mauséiercherszalot.