Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 100 g Miel
- 100 g Botter
- 1 l Mëllech
- Salz, Peffer
- Muskot
Instructions
- Fir de Roux maache mir d’Miel an de Botter an d’Dëppen a loossen dat undënsten, ongeféier 2 Min. Roux ass de franséichen Ausdrock fir “Mehlschwitze”. Et ass näischt anescht ewéi Miel mat Botter gemëscht an ugebroden.
- Duerno d’Mëllech lues a lues dropschëdden.
- Mat engem Schnéibiesem gutt verréieren, dass et keng Klëmpercher ginn (wann d’Mëllech ze kal ass, ginn et gär esou Kniet).
- Nach mat Salz, Peffer a Muskot ofschmaachen.
- Et kann een dat Ganzt och mat Currypolver oder engem Lorberblat wierzen.