Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 700 g Héngerbrëscht oder Rëndsgehacktes oder…
- 4 Paprila, rout, gréng, giel, a Sträife geschnidden
- 3 Ënnen, an Hallefréng geschnidden
- 3 Zéiwe Knuewelek, gepresst
- 3 TL Moschter
- 1 1/2 TL Rosmarin, gedréchent
- 1 1/2 TL Herbes de Provence
- 7 ZL Olivenueleg
- 1 Dous Kidneybounen
- 1 Pak Tortillaen
- 1 Becher Sauerram oder Schmand
- 1 Avocado, gutt zeideg
- 2 Limetten, ausgedréckt
- 2 Zéiwe Knuewelek, gepresst
- 7 Tomaten (Cocktailtomaten), kleng geschnidden
- 1 ZL Koriandergréngs, frësch, zerrupft oder eng Pouz Korianderpolver
- Salz, Peffer
Instructions
- Fir d’Guacamole d’Avocado mat enger Forschett zerdrécken. Kleng geschnidden Tomaten, Knuewelek, Sauerram a Koriander drënnermëschen, Mat Salz, Peffer a Limetten ofschmaachen. D’Limett verhënnert, dass d’Guacamole uleeft. Allerdéngs ass et besser, d’Guacamole ganz frësch zouzebereeden. De Rescht vun der Sauerram an eng Schësselche fëllen an op den Dësch stellen.
- Den Olivenueleg an enger Pan waarm maachen an d’Ënnen doran undënsten. D’Paprikasträifen derbäiginn an 10 Min. weiderbroden, bis d’Ënn gedënst ass an d’Paprika nach bëssfest ass. Iwwerdeems d’Kidneyboune wäschen an an engem speraten Dëppen an e bësse Waasser (2 cm) a Salz waarm maachen. D’Geméis op engem Teller op d’Säit setzen.
- D’Héngerfleesch bei grousser Hëtzt séier ubroden. D’Geméis erëm an d’Pan ginn a kuerz mat broden, dobäi eng Kéier dréien. D’Temperatur reduzéieren an d’Gewierzer (Rosmarin, Herbes de Provence, Moschter, Salz, Knuewelek) dobäiginn. De Knuewelek soll nëmme ged¨nst, net gebrode ginn. Mat Salz ofschmaachen a waarm halen.
- D’Tortillae bei niddreger Temperatur an enger Teflonspan mat Deckel oder zougedeckt an der Mikrowell waarm maachen. Iwwerdeems d’Kidneybounen ofschëdden. D’Bounen an d’Guacamole a separat Schësselcher ginn an op den Dësch stellen. Wann d’Tortillae waarm sinn, déi gliddeg Pan mat de Fajitas op den Dësch stellen, am beschten op de Rechaud.
- D’Tortillae gi vu jidderengem selwer gefëllt, gerullt a mat der Hand giess. Net ze voll tässelen, soss fält alles eraus! Wie wëll, kann nach e bësse kleng geschnidden Eisberg-Zalot a gerappte Kéis (z.B. Gouda) an d’Tortilla fëllen.