Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 1 portabele Kocher
- 2-2,5-Liter-Gamelle
- 1 Béchs (400 g) zerhackten Tomaten
- 1 kleng Ënn oder Schalott
- 1 Beidel Räis
- 2 Mettwurschten
- 1 Küb Héngerbouillon oder Geméisbouillon
- 2 ZL Ueleg
- 1 l Waasser
- Salz, Peffer
- ev. 200 ml UHT-Ram
- 4 Rondele Brout
Instructions
- De Röis am Beidel an engem 1/2 Liter Waasser al dente kachen.
- Während där Zäit d’Ënn a reng Wierfele schneiden an d’Mettwurschten a reng Rondelen. D’Tomatebéchs opmaachen.
- De Räis aus dem Waasser huelen an op d’Säit stellen.
- D’Räiswaasser ofschëdden.
- Den Ueleg an d’Dëppe ginn an d’Ënnen doran undëmpen.
- D’Tomate be d’Ënne ginn an ëmréieren.
- D’Waasser dobäiginn, bis déi gewënschte Konsistenz erreecht ass.
- De Bouillon-Küb dobäiginn an dat Ganzt 5 Min. kache loossen.
- D’Mettwurschten dramaachen an nach eng Kéier 3 Min. kache loossen.
- Mat Salz a Peffer no Goût wierzen.
- Mat Brout an ev. engem Schotz Ram genéissen.