Notes
Tipp:
Et kann een och Räis an d’Zopp maachen. Deen am Salzwaasser kachen, sou wéi et op der Packung steet.
Ingredients
- 1 l Waasser
- 600 g Tomates pelées mat Jus
- 2 Wuerzelen
- 2 Ënnen
- 2 Staange gréngen Zelleri
- 150 g Gromper (2 Stéck)
- 3 ZL Ueleg
- 1 Küb Bouillon de boeuf
- Basilikum oder Péiterséileg
- 1 Zéif Knuewelek
- Peffer
- Salz
Instructions
- D’Ënne kleng schneiden.
- D’Wuerzele schielen an a Rondele schneiden.
- D’Zellerisstaange wäschen a kleng schneiden. D’Gromperen schielen a kleng schneiden. De Knuewelek schielen a kleng machen.
- D’Waasser waarm maachen an de Bouillon dran opléisen.
- En Dëppe mat dem Ueleg waarm maachen an d’Ënnen ubroden, bis se glaseg sinn.
- De Knuewelek dobäimaachen. Dann d’Wuerzelen, d’Gromperen an den Zelleri dobäimaachen an ubroden. Oppassen, dass et net schwaarz gëtt! Eventuell d’Plack e bësse méi kleng dréinen.
- D’Waasser mam Bouillon dobäi schëdden an d’Tomaten dobäiginn.
- Mat Peffer a Salz wierzen. Dat Ganzt ongeféier 30 Min. liicht kache loossen, bis alles gutt mëll ass.
- De Basilikum oder Péiteréileg wäschen a kleng schneiden.
- Wann alles mëll ass, d’Zopp mixen. Eventuell Waasser dobäiginn, wann d’Zopp net flësseg genuch ass.
- Zum Schluss de Basilikum oder Péiterséileg dobäimaachen a waarm iessen.