Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 500 g Miel
- 25 g Hief
- 1 Pouz Zocker
- 250 ml wootlecht Waasser
- 3 ZL Olivenueleg
- 2 TL Salz
- 2 ZL Vollmëllech (fir ze besträichen)
- Olivenueleg
- Fir ze wierzen ev.: Sesam, Rosmarin, Oliven, Zocker, Kanéil
Instructions
- Aus allen Zutaten en Deeg maachen.
- Den Deeg 30 Min. zougedeckt op enger waarmer Plaz opgoe loossen (ev. um Bord vum Feier, d’Schossel vun Zäit zu Zäit dréinen).
- D’Flade formen, mat Mëllech beströichen an déi gewënschte Gewierzer dropstreeën, respektiv d’Oliven an den Herbes de Provence draknieden.
- 5-15 Min. am Dutch Oven oder an enger stolener Pan um Feier baken.
- Fir d’Stockbrot gëtt den Deeg a Schlaange gerullt a ronderëm e geschieltene Bengel gewéckelt an iwwer dem Feier gebak.
- D’Gewierzvariatiounen:
- Thymian, Rosmarin, Miersalz
- Oliven an Herbes de Provence
- Speck an Ënnen (preparéiert ewéi am Ënnen-Speck-Brout)
- Zocker a Kanéil