Notes
Tipp:
Ausser mat schwaarzem Schockela schmaacht et och ganz gutt mat Snickers, Mars oder mat Cacahuettebotter.
Et kann een d’Banannen och ouni de Sëlwerpabeier an d’Glous leeën, et geet souguer méi séier, et brauch een da just eng Grillzaang, fir se erauszehuelen. Funktionéiert och gutt um Grill.
Ingredients
- 6 Banannen
- 6 Rëppe schwaarze Schockela
- Sëlwerpabeier
Instructions
- D’Bannannen uewen der Längt no opschneiden, awer an der Schuel loossen.
- Eng Rëpp Schockela dra leeën an dat Ganzt a Sëlwerpabeier apaken.
- Fir ca. 10 Min an d’Glous leeën.