Notes
Dat schmaacht och gutt als Geméis-Bäilag, wann een dat Ganzt méi mat Miel déckst.
Ingredients
- 1 portabele Kocher
- 2-2,5-Liter-Gamelle
- 2 Glas à 600 g Sauerkornischongen (keng franséisch Cornichons, déi si meeschtens ze sauer)
- 200 ml UHT-Ram
- 1 ZL Miel
- 1 TL Zocker
- Currypolver
- 4 Rondele Brout
Instructions
- De Jus mat de Gewierzer vun deenen 2 Glieser Kornischongen an d’Gamell schëdden an un d’Kache bréngen.
- An der Tëschenzäit d’Kornischongen an dënn Scheiwe oder reng Wierfele schneiden.
- D’Kornischongen da bei de Jus an d’Gamell ginn.
- Dat Ganzt fir ca. 5 Min. kache loossen.
- Een ZL Miel dobäiginn an opréieren.
- D’Gamell vum Kocher huelen an d’Ram dobäiginn an opréieren.
- Wann et ze sauer ass, dann 1 TL Zocker dobäiginn (dat hänkt vun der Mark Kornischongen of, awer eréischt nodeems der d’Ram draginn hutt, well d’Ram ass och séiss).
- Dat Ganzt nach eng Kéier 2 Min. goe loossen a mat Curry no Goût wierzen.
- Mat Brout genéissen.