Rosa Zooss
Persons
6
Prep Time
10 minutes
Cook Time
1 hour, 10 minutes
Total Time
1 hour, 20 minutes
Ingredients
- 1/2 Ënn
- 2 Knuewelek
- 2 ZL Ueleg
- 1 l Tomatenzooss
- 3 ZL Sauerram/Ram
- 2 ZL gedréchente Basilikum oder frësche Basilikum
- 1 ZL Oregano
- Salz, Peffer
Instructions
- D’Ënn an de Knuewelek schielen a ganz kleng schneiden. Den Ueleg an en Dëppe ginn a waarm maachen (net op der héchster Stuf). D’Ënn ubroden, bis se glaseg ass, an dann de Knuewelek dobäimaachen. Dono d’Tomatenzooss dropschëdden. Mat Oregano, Peffer a Salz wierzen. Dat Ganzt op klenger Flam kache loossen, am beschten 1 Stonn laang. Wann et méi séier goe muss, geet et och manner laang.
- De Basilikum wäschen a kleng schneiden. An d’Zooss maachen an domadder nach eng Kéier 10 Min. kachen. Zum Schluss d’Sauerram dobäimaachen.