Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 1 Putsch Salbei
- 100 g Botter
- 400 g Miel
- 4 Eeër
- 1 TL Salz
- 1 ZL Olivenueleg
- 400 g Héngerbroscht, a kleng Wierfele geschnidden (1 cm)
- 50 g Speck, kleng gewierfelt
- 1 Ënn, kleng gewierfelt
- 1 Wuerzel, kleng gewierfelt
- 2 ZL Olivenueleg
- 2 ZL Ram
- 3 ZL Parmesan, geraaspelt
Instructions
- Als éischt de Salbeibotter maachen: Salbei wäschen, ganz kleng schneiden a mam Botter mëschen. Am Frigo kal stellen.
- Héngerfleesch, Speck, Wuerzel an Ënn ganz kleng schneiden. Dat Ganzt an enger Pan mat 2 ZL Ueleg 5 Min. broden. Mat 2 ZL Ram, 2 Eeër, 3 ZL Parmesan, Salz a Peffer mixen.
- Fir den Deeg brauche mir elo eng ganz gutt Kichemaschinn oder vill Muckien. D’Miel, 2 Eeër, 2 ZL Ueleg, Salz an enger Schossel mëschen. Dann op enger Aarbechtsfläch 10 bis 15 Min. laang duerchknieden, bis den Deeg ganz glat ass. Den Deeg an e fiicht Duch fir 30 Min. anwéckelen, bei Zëmmertemperatur (20 °C).
- Nodeems den Deeg gerascht huet, mat enger Nuddeksmaschinn oder mat Muskelkraaft platt rullen (Nuddelholz, Glasfläschen), bis den Deeg 3 mm déck as. Wann e pecht, Miel op den Deeg streeën.
- Quadrate vun 6×6 cm schneiden. Op eng Säit en TL Farve ginn an dann en zweet Quadrat dropleeën, mat enger Forschett de Rand festdrécken (Petit-Beurre-Muster).
- Raviolien am Salzwaasser 3-4 Min. kachen.
- Dat Ganzt mat Salbeibotter a Parmesan zerwéieren.