Ravioli aus der Béchs (séier a gutt)
Persons
6
Prep Time
10 minutes
Cook Time
10 minutes
Total Time
20 minutes
Ingredients
- 6x 420 g Ravioli (1 Béchs op de Kapp, wann ee vill Honger huet)
- 6 Zéiwe Knuewelek, kleng gehakt
- 3 Ënnen, kleng gehakt
- 400 g Speck, a Wierfele geschnidden
Instructions
- De geschielte Knuewelek, d’Ënnen an de Speck an enger Pan ubroden, bis alles glaseg ass.
- Duerno d’Raviolien dobäiginn, bis och sie waarm sinn.
- Zum Schluss vill Kéis dropmaachen.
- Wann ee wëll, kann een eng Baguette oder Räis dobäimaachen.
- Direkt zerwéieren.