Raclette um Feier mat Gromperen a Stoffi
Persons
6
Prep Time
40 minutes
Cook Time
1 hour
Total Time
1 hour, 40 minutes
Ingredients
- 1/4 Leif Raclette-Kéis
- 2 kg Gromperen
- 500 g Sauerram
- e Putsch frësch Bratzelen (oder gedréchent Bratzelen)
- Peffer
- Salz
- Sëlwerpabeier
- Holzbriet ca. 20×30 cm
Instructions
- D’Holzbriet mat 2 Loe Sëlwerpabeier ëmwéckelen.
- D’Gromperen am Salzwaasser quellen.
- Fir de Stoffi:
- D’Sauerram an eng Schossel maachen.
- D’Bratzele kleng schneiden a bei d’Sauerram ginn.
- No Goût peffern a salzen.
- Dat Ganzt gutt duerchmëschen an 30 Min. am Frigo zéie loossen.
- Wann d’Grompere fäerdeg sinn, de Kéis um Briet bei d’Feier stellen an uschmëlze loossen.
- Den ugeschmolzene Kéis mat engem grousse Messer an d’Gamelle schappen, eng Quellgromper a Stoffi dobäi.