Notes
Tipp:
Et kann een de Brot schonn den Dag virdru preparéieren, fir Zäit ze spueren.
Als Bäilag passe gutt Gromperen am Waasser gekacht a gréng Bounen.
Ingredients
- 1 kg Schwéngsbrot
- 2 ZL Ueleg
- 2 Ënnen
- 2 Zéiwe Knuewelek
- 1 Porett
- 200 ml wäisse Wäin oder Waasser
- Péiteréileg
- 1 Lorberblat
- 2 Neelcheskäpp
- 6 grouss Tranchen Ham
- 24 Scheiwe Kéis
- 100 g gerappte Kéis
- Ram
- Maizena
- Peffer
- Salz
Instructions
- D’Ënne schielen an a grouss Stécker schneiden. De Knuewelek schielen an a 4 schneiden. D’Porett wäschen an an déck Rondele schneiden. De Schwéngsbrot mat Peffer a Salz wierzen an an enger waarmer Pan mat Ueleg vun all Säit gutt ubroden. D’Pan mam Wäin/Waasser läschen.
- De Brot an eng véiereckeg Schossel maache fir an de Schäffchen. D’Flëssegkeet aus de Pan dobäi schëdden. D’Ënnen, de Knuewelek, d’Porett, D’Neelcheskäpp, de Péiterséileg an d’Lorberblat dobäileeën. De Broot heiansdo mam Jus naass maachen. Ev. Flëssegkeet dobäiginn, wann net méi genuch an der Pan ass (+/- 1,5 cm héich).
- Dat Ganzt bei 170 °C an de Schäffche setze fir 45-60 Min.
- Dono de Brot an dënn Tranchë schneiden.
- De Jus aus der Schossel an eng Pan schëdden (ouni d’Stécker, dei dobäileien). E bësse Ram a Maizena dobäimaachen, fir dass eng Zooss entsteet. Dës eng Kéier opkachen.
- Dono an der Schossel ofwiesselnd e Stéck Brot, e Stéck Ham an e Stéck Kéis tässelen, bis de ganze Brot verschafft ass. Dann d’Zooss driwwerschëdden an zum Schluss de Kéis driwwermaachen, fir ze iwwerbaken.
- Dat Ganzt nach eng Kéier 20 Min. bei 180 °C an de Schäffche setzen, wann d’Fleesch nach waarm ass, soss 30 Min.