Poulet Tandoori mat Mango-Chutney
Persons
6
Prep Time
2 hours, 20 minutes
Cook Time
30 minutes
Total Time
2 hours, 50 minutes
Notes
Tipp:
Fir d’éischt D’Mangoe grillen, soss brauch een e riesege Grill.
Ingredients
- Fir de Mango-Chutney:
- 3 zéideg Mangoen
- 1 ZL Ueleg
- 4 ZL Peffermanz, frësch geaakt
- 3 ZL Esseg
- 1 TL Pudderzocker
- 1 Pouz Salz (no Goût)
- 1 Pouz gemuelene Peffer (no Goût)
- Fir de Poulet Tandoori:
- 6 Pouletsbrëscht
Instructions
- D’Mangoe lénks a riets vum Kär an der Halschent duerchschneiden an net schielen.
- De Rescht vun den Zutaten zu enger Marinad zesummemëschen.
- D’Mango gëtt mat der Schuelsäit op de Grill geluecht.
- Esou laang grillen, bis se ufänkt liicht mëll ze ginn a liicht ze karamelliséieren.
- Déi fäerdeg Mango mat engem Zoppeläffel aus der Schuel huelen.
- D’Mangofleesch a Wierfele schneiden.
- D’Mangowierfelen an d’Marinad leeën, mëschen an op d’Säit setzen.
- Huelt d’Rezept vun der Tandoori-Joghurt-Marinad.
- De Poulet an d’Marinad leeën an 2 Stonnen zéie loossen.
- De Poulet duerno op de Grill leeën.
- Ass de Poulet fäerdeg, gëtt en zesumme mam Chutney zerwéiert, zesumme mat enger Zalot vun denger Wahl.