Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 6 Pouletsbrëscht
- 18 Tranchen Cheddar
- 18 Tranchë gekachten Ham
- 6 déck Gromperen
- faarwege Peffer
- Salz
- Rosmarin
- Sonneblummenueleg
Instructions
- D’Pouletsbrëscht ginn all 2 cm ugeschnidden, ca. 6 Schnëtt.
- Vun alle Säiten salzen a pefferen.
- Dono an all Schnatt eng 1/2 Tranche Ham an 1/2 Tranche Cheddar leeën.
- Sëlwerpabeier duebel falen an zu enger Schossel formen.
- De Buedem vun der Schossel mat op d’mannst 5 mm décke Gromperescheiwen ausleeën.
- D’Grompere pefferen a salzen, Rosmarin driwwerstreeën.
- Ueleg dropmaachen an de Poulet dropleeën.
- D’Schossel zoufalen a fir 15-20 Min. an d’Glous leeën.
- Alternativ zum Sëlwerpabeier kann een och alles am Dutch Oven maachen.