Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 600 g Farfalle (Päiperleken) oder Spirelli (Spiralen) oder Coquillen
- 120 g Piniekären
- 240 g Feta oder Mozzarella oder Schwäizer Kéis
- 240 g gedréchent Tomaten am Ueleg
- 36 Basilikumsblieder
- 60 ml Olivenueleg
- 2 Zéiwe Knuewelek
- Salz, Peffer
Instructions
- D’Nuddelen al dente (bissfest), net ze mëll kachen.
- D’Tomaten an de Kéis schneiden. De Knuewelek pressen. D’Pinienkären an der Pan ouni Fett réischteren. Oppassen, si verbrenne ganz schnell !!
- D’Basilikumsblieder kleng rappen.
- D’Nuddelen ofschëdden a mat all denen anere Saachen an eng grouss Schossel schëdden, den Olivenueleg dobäimaachen a mat Salz a Peffer ofschmaachen.
- Kann een och gutt waarm iessen.