Nuddelsdeeg Hausgemacht
Persons
6
Prep Time
1 hour, 30 minutes
Cook Time
2 hours
Total Time
3 hours, 30 minutes
Ingredients
- 400 g Miel
- 4 Eeër
- 1 TL Salz
- 2 ZL Olivenueleg
Instructions
- Fir den Deeg brauche mir eng ganz gutt Kichemaschinn oder vill Muckien.
- D’Miel, 2 Eeër, 2 ZL Ueleg an d’Salz an enger Schossel mëschen. Dann op enger Aarbechtsplack 10 bis 15 Min. laang duerchknieden, bis den Deeg ganz glat ass.
- Den Deeg an e fiicht Duch fir 30 Min. awéckelen, bei Zëmmertemperatur (20 °C).
- Nodeems den Deeg gerascht huet, mat enger Nuddelsmaschinn oder mat Muckesse platt rullen (Nuddelholz; Glasfläsch), bis den Deeg 2 mm déck ass. Wann e pecht, e bësse Miel op den Deeg streeën.
- Elo mat der Nuddelsmaschinn oder mam Messer Sträife schneiden.
- An Salzwaasser 3-4 Min. kachen.
- Dat Ganzt mat enger Zooss a Parmesan zerwéieren.
- Dat Ganzt eng Kéier probéieren, wann een eleng ass, net wann d’Leit schonns um Dësch sëtzen. Dofir sinn et déi beschten Nuddelen op der Welt!