Skip to content
Jump to recipe
Minestrone
Total Time
1 hour, 30 minutes
Ingredients
- 300 g wäiss Bounen aus der Béchs, schons virgekacht (pré-cuizt)
- 5 ZL Olivenueleg
- 6 Scheiwe Panzetta oder Speck
- 2 Ënnen, kleng gehaakt
- 2 Wuerzelen, geschielt a kleng gehaakt
- 2 Staangen Zelleri, gewäsch a kleng gehaakt
- 1/2 Fenchelknoll, gewäsch a kleng gehaakt (Fenouil)
- 3 Zéiwe Knuewelek, kleng gehaakt
- 1 Putsch Basilikum
- 800 g Tomaten aus der Béchs
- 1 Glas roude Wäin
- 2 Courgetten, a Stécker vun +/- 1,5 cm geschnidden
- Mangold, Spinat oder soss e Geméis, wat Saison huet, a grouss Stécker geschnidden
- 700 ml Hénger- oder Geméisfond, oder 2 Hénger- oder Geméisfond-Küben, a 700 ml waarmem Waasser opgeléist
- 200 g kleng Nuddelen, z.B. Buschtawen oder Spaghetti kleng gemaach an enger Tut
- Parmesan, fir zum Schluss driwwerzereiwen
- Brout
Instructions
- Ënnen, Wuerzelen, Staangenzelleri, Fenchel, Knuewelekszéiwen, Basilikumblieder a Panzetta kleng haken a lues mat Olivenueleg undënsten, bis se goldeg-brong sinn.
- 15 bis 20 Min. mat engem hallefoppenen Deckel goe loossen (net kachen). D’Geméis soll keng brong Faarf unhuelen, also ganz duuss goe loossen.
- Dann d’Tomaten, d’Courgetten an de Wäin dobäiginn an alles lues goe loossen.
- No 15 Min. kann een de Mangold oder frësche Spinat dobäiginn.
- 700 ml Fond, Bounen (ouni hire Jus) dobäiginn an d’Nuddelen nach eng Kéier 10 Min. laang kachen. Zum Schluss Basilikumblieder dropstreeën.
- Brout a Parmesan op den Dësch stellen.