Ingredients
- 30 Brockelcher
- 1 Glas graff gemuelene Moschter (Moutarde à l’ancienne)
- 6 Spiissercher, aus der Heck geschnidden oder kaaft
Instructions
- D’Brockelcher wäschen.
- E bësse vum Stomp ofschneiden an déi éischt Couche Blieder erofpellen.
- 5 Brockelcher op e Spiiss picken.
- D’Brockelcher gutt déck mam Moschter areiwen.
- Dat Ganzt 5-10 Min. op de Grill leeën oder iwwer d’Feier halen.