Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 30 g Botter
- 3 EL Miel
- 6 Zéiwe Knuewelek
- 3 Lorberblieder
- 700 ml Mëllech (demi-écrémé)
- 400 g Makkaroni
- 6 Tomaten
- 125 g Kéis (Gouda)
- 75 g Parmesan
- Salz, Peffer
- Muskot
- Worcestershiresauce
- Thymian
- Péiterséileg
Instructions
- De Knuewelk a Scheiw schneiden. De Botter an engem Dëppe schmëlzen an opschaimen, d’Miel dobäiginn, dann d’Knuewelekscheiwen. An engem Stéck réieren an e puer Min. brode loossen, bis sech alles zu enger glater Paste verbonnen huet an de Knuewelek goldgiel ass. D’Lorberblieder dobäiginn, Mëllech dobäiginn an alles glat réieren. Mat Salz a Peffer ofschmaachen an e puer Min. weider simmere loossen, dobäi permanent réieren. D’Lorberblieder eraushuelen.
- D’Nuddelen a gutt vill Salzwaasser al dente kachen an ofschëdden. De Schäffchen op 200 °C virwiermen. Eng Auflaufform fetten.
- D’Tomaten a Wierfele schneiden, kräfteg salzen a pefferen, mat frëschem Thymian a Péiterséileg vermëschen.
- D’Tomaten, d’Zoos an 3/4 vum Kéis iwwer d’Pasta ginn, alles gutt duerchmëschen an no Goût mat e bësse Muskot a Worcestershiresauce ofschmaachen. An d’Form ginn, de Rescht vum Kéis driwwerstreeën a ca. 30 Min. iwwerbaken, bis d’Zooss blubbert an de Kéis goldgiel geschmolt ass.
- Dozou passt eng gréng Zalot.