Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 400 g Lënsen (egal ewéi eng Faarf)
- 600 g Gromperen
- 80 g Wuerzelen
- 80 g Ënnen
- 80 g Zelleri
- 80 g Porette
- Salz, Peffer
Instructions
- D’Lënse gi vill méi séier mëll, wa se iwwer Nuecht oder e puer Stonne virum Kachen a kal Waasser ageweecht ginn. Déi rout Lënsen net aweechen.
- Geméis a kleng Wierfelcher schneiden (“Brunoise”). An engem Dëppe mat Botter oder Ueleg d’Brunoise vun den Ënnen, Wuerzelen, Zelleri, Porett, Gromperen undënsten, bis alles bal goldeg ass (3-5 Min.).
- D’Lënsen ofschëdden a bei déi ugedënste Geméiszorten an d’Dëppe ginn.
- Mat Waasser ofläschen (d.h. e Schotz Waasser oder Wäin an d’Dëppe ginn) an ongeféier 15-20 Min. kache lossen.
- Op kee Fall Salz dobäimaachen, soss ginn d’Lënsen net mëll, eréischt wann d’Lënse mëll sinn, d’Salz dobäimaachen. Mettwurschte passe wonnerbar dobäi. 10 Min mat der Zopp kachen.