Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 300 g donkele Schockela
- 100 ml Ram
- 1/2 TL Kanéil
- 50 g Botter
- 1-2 ZL Kakao
- +/- 4 ZL Schockelasgrimmelcher
Instructions
- Den Dag virdru scho preparéieren:
- De Schockela graff zerklengeren. D’Ram zesumme mam Kanéil an eng Kasseroll ginn an op klenger Flam waarm maachen. De Botter an de Schockela do dra schmëlze loossen a gutt opréieren. Iwwer Nuecht an de Frigo stellen.
- Mat engem Kaffisläffel kleng Portiounen eraushuelen a zu klenge Kugele formen.
- Eng Halschent vun de Kugelen am Kako wänzelen, déi aner Halschent an de Schockelasgrimmelcher.