Skip to content
Jump to recipe
Ierzebulli
Total Time
1 hour, 30 minutes
Ingredients
- 500 g gedréchent Ierbessen
- 2 l Waasser
- 1 Stéck gereecherte Speck
- 4-5 Gromperen
- 2 déck Ënnen
- Peffer
- 2 Poretten
- 1 Geméisküb
- 6 Mettwurschten
- 1 Lorberblat
- 6 Scheiwe Brout fir Kiischtercher
- 1 ZL Ueleg
- Botter
Instructions
- D’Grompere schielen, wäschen an a kleng Stécker schneiden.
- D’Porette wäschen an a Stécker schneiden.
- D’Ënnen an engem Dëppe mam Ueleg ubroden.
- Dono d’Ierbessen, D’Gromperen an d’Poretten dropschëdden a mat dem Waasser ofläschen (d’Waasser muss ongeféier duebel esou héich sinn ewéi d’Mass, déi am Dëppen ass). De Geméisküb kënnt dann och dobäi. Dat Ganzt 30 Min. kachen an dann de Speck an d’Lorberblat dobäimaachen (de Speck muss och mam Waasser bedeckt sin). Dat Ganzt nach 30 Min. kachen.
- D’Brout a kleng Wierfele schneiden a mat Botter an der Pan broden, bis se krupseg sinn.
- De Speck eraushuelen, d’Schwaart erofschneiden an a Stécker schneiden. De Rescht mixen. Eventuell Waasser bäiginn.
- D’Mettwurscht 5 Min. mat der Zopp kachen oder a separatem Waasser kachen, fir dass se waarm ass.
- Dono d’Zopp mam Speck, der Mettwurscht an de Kiischtercher (krupsegt Brout) zerwéieren.