Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 1 portabele Kocher
- 2-2,5-Liter-Gamelle
- 1/2 l Mëllech
- 2 Becheren Huewerflacken (Quaker)
- 2 ZL Zocker oder 1 ZL Hunneg
- 1 Grapp gedréchent Korinthen oder frëschen Apel oder Banann
Instructions
- D’Mëllech an der Gamell waarm maachen (muss net kachen).
- D’Mëllech vum Feier huelen, d’Huewerflacken dramaachen an ëmréieren.
- Mat Zocker oder Hunneg séissen.
- E Grapp Korinthen dramaachen an ëmréieren.
- Amplaz vun de Korinthe kann een och en Apel a Wierfele schneiden oder eng Banann a Rondele schneiden an dramaachen. Apel a Banann zesumme schmaachen och ganz gutt.