Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 6 Hamburgerbréidercher (oder normal Bréidercher)
- 1 Zalot, z.B. Lolo bionda (gréng Zalot)
- 3 Tomaten, a Scheiwe geschnidden (1 cm)
- 1 Ënn, a Scheiwe geschnidden (3 mm)
- 2 déck Kornischongen, a länglech Scheiwe geschnidden (3 mm)
- 400 g Rëndsgehacktes
- Salz, Peffer, Paprikapolver, ongeféier 1 TL
- 4 ZL Sonneblummenueleg
- 4 ZL Mayonnaise
- 4 ZL Ketchup
- 6 Scheiwe Gouda-Kéis
Instructions
- D’Zalot botzen.
- D’Geméis a Scheiwe schneiden. D’Fleesch an enger Schossel wierze mat Salz, Peffer a Paprika
- Fleesch a 6 Portiounen deelen a mat der Hand ongeféier 8 cm grouss Hamburger formen.
- An enger Pan d’Fleesch ubrode mam Ueleg, 4 Min. op all Säit.
- Heiansdo dréien. Bréidercher um Feier toasten.
- Zum Schluss alles als Hamburger zesummesetzen.