Hackbällercher am Deegmantel um Spiiss
Persons
6
Prep Time
45 minutes
Cook Time
15 minutes
Total Time
1 hour
Ingredients
- 1100 g Gehacktes
- 1 Ënn
- 1 Putsch Péiterséileg
- 2 Eeër
- 2-3 ZL Miel
- Peffer (no Goût)
- Salz (no Goût)
- 4 Scheiwen (aalt) wäisst Brout
- 1 Taass Mëllech
Instructions
- Den Deeg fir d’Stockbrot no Rezept preparéieren an opgoe loossen.
- D’Gehacktes an eng Schossel maachen.
- D’Ënn an de Péiterséileg reng schneiden an op d’Gehacktes ginn.
- 2 Eeër opschloen an dobäiginn.
- D’Brout ouni Bord an der Mëllech opweechen, ausdrécken an op d’Gehacktes ginn.
- Dat Ganzt mat den Hänn gutt duerchmëschen.
- No Goût salzen a pefferen. Opgepasst: D’Gehacktes gëtt dacks scho beim Metzler gewierzt.
- Dat Ganzt dann nach eng Kéier duerchmëschen a kleng Bulette (3 cm Duerchmiesser) formen.
- D’Buletten op d’Spiisser oppicken.
- D’Buletten iwwer dem Feier grillen.
- Wann d’Bulette bal fäerdeg sinn, dann d’Stockbrot zu enger Schlaang (1 cm Duerchmiesser) formen a spiralförmeg ronderëm de Bulettespiiss wéckelen.
- Dat Ganzt dann iwwer dem Feier fäerdeg grillen.
- Fir d’Stockbrot: 6 Spiissercher, aus der Heck geschnidden oder kaaft.