Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 6 Fladenbrout
- 1 1/2 TL Paprikapulver, séiss
- 2 1/2 TL Oreagno, gedréchent
- 1 1/2 TL Thymian, gedréchent
- 1 1/2 TL Basiliku, gedréchent
- 1/2 TL Peffer, schwaarz, aus der Millen
- 1/2 TL Rosmarin, gedréchent
- 1/4 TL Piment, gedréchent
- 1/4 TL Kümmeé (Cumin), gedréchent !!op kee Fall méi!!
- 1/4 TL Koriander, gedréchent
- 1/4 TL Cayennepeffer, gedréchent
- 5 Zéiwe Knuewelek
- 1 Ënn
- 2 ZL Zitrounejus
- e bëssen Olivenueleg
- e bësse Salz
- Fir den Tzatziki:
- 600 g griichesche Joghurt
- 5 Zéiwe Knuewelek fir den Tzatziki
- 1 grouss Zalotenkornischong
- 3 1/2 EL Olivenueleg
- 4 1/2 TL Esseg
- e bësse Salz
- e bësse wäisse Peffer, aus der Millen
- Fir d’Garnitur:
- 3 Tomaten, a Scheiwen
- 1,5 grouss Ënn, a Réng geschnidden, och e bësse fir de Gyros
- 1 Becher Zalot
- 1000 g Schwéngefleesch (Hals)
Instructions
- Fir d’Fleesch: d’Zéiwe Knuewelek pressen. D’Ënn an dënn Réng schneiden.
- De Knuewelek, d’Ënnen a d’Gewierzer mam Zitrounejust an dem Olivenueleg an enger Schossel vermëschen (ouni Salz!). D’Fleesch vun de Schanken a Seene befreien an a Sträife schneiden an an d’Schossel ginn. Alles gutt vermëschen an e puer Stonnen zéie loossen.
- An der Tëschenzäiz den Tzatzili zoubereeden: D’Zalotekornisching schielen, d’Kären erauskrazen. Dat Fest vun der Kornischong graff rappen. De Knuewelek reng haken. Alles mam griichesche Joghurt vermëschen an am Frigp zéie loossen.
- D’Fladenbrout am Schäffchen apbaken, ofkille loossen. D’Brout a véier schneiden an all Véierel aschneiden, awer net ganz duerchschneiden, sou dass eng Täsch ensteet.
- D’Fleesch vum Gewierz befreien – d’Kraider géinge beim Brode verbrennen – an an enger grousser Pan bei grousser Temperatur broden. Eréischt duerno salzen. Déi zweet Ënn a Réng schneiden.
- Tzatziki an d’Fladenbrout-Täsche sträichen (uewen an ënnen), dann d’Ënnen draginn an dann dat gebrodent Gyrosfleesch.
- Mat Tomaten an Zalot garnéieren.