Skip to content
Jump to recipe
Gulasch
Cook Time
2 hours, 30 minutes
Total Time
2 hours, 45 minutes
Ingredients
- 500 g Ënnen, a Scheiwe vun 5 mm geschnidden
- 1,5 kg Schwéngefleesch (vun der Schëller)
- 3 Zéiwe Knuewelek, kleng gehaakt
- 2 TL Kümmelsom (Cumin)
- 100 g Schmalz (bei engem Metzler: Saindoux)
- Salz, Peffer
- 4 ZL Tomatemark
- 3 ZL Paprikapolver
- 1 Bio.Zitroun
- 3 Lorberblieder
- 1 l Rëndsfond (Fond de veau)
- 250 g Sauerram (crème épaisse)
Instructions
- D’Ënnen schielen, Fleesch an 3 dm grouss Wierfele schneiden.
- D’Ënnen ubdroen (8 Min.).
- D’Ënnen eraushuelen an d’Fleesch an der Pan ronderëm ubroden (4 Min.).
- D’Fleesch wierze mat Salz a Peffer, dann Tomatemark, Kümmel, Knuewelek, Paprikapolver, Lorberblieder dobäiginn.
- D’Zitroun waarm wäschen, schielen an duerno a kleng Stécker schneiden.
- D’Stécker an d’Pan ginn, mam Fond an den Ënnen.
- Zougedeckt 2:30h lues kache loossen, bis d’Fleesch mëll ass.
- 5 Min. viru Schluss d’Sauerram dobäiginn an nach enger Kéier wierzen, wann néideg.
- Dat Ganzt mat Nuddelen zerwéieren.
- Super Menü fir den aneren Dag opzeiwermen.