Notes
Tippen:
Vinaigrette Variatioun 2:
An d’Vinaigrette 1/4 l Fleeschbritt ginn fir d’Zalot méi säfteg ze maachen.
Vinaigrette Variatioun 3:
4-5 Läffele Mayonnaise an d’Vinaigrette réieren.
Ingredients
- 1500 g Gromperen, déi och mom kachen nach fest bleiwen
- Salzwaasser
- 1-2 Lorberblieder
- Fir d’Vinaigrette (Basic):
- 1 Ënn/Schalott
- Salz, Peffer
- ev. Curry (no Goût)
- Esseg an Ueleg
- kleng, saier Kornischongen
- haartgekachten Eeër
- Péiterséileg
Instructions
- D’Gromperen an engem groussen Dëppe nat de Lorberblieder (an ev. engem Küb) am Salzwaasser kachen.
- D’Gromperen duerno ofschëdden, schielen an a Rondele schneiden.
- D’Kornischongen an d’Eeër kleng schneiden. Dann alles mat der Vinaigrette vermëschen.
- Mat kleng gehaaktem Péiterséileg garnéieren a kuerz roue loossen (ev. nach virum Zerwéieren nowierzen).