Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 1000 g Gromperen
- 1000 g Paprika, giel a rout
- 600 g Champignonen
- 450 g Cocktailtomaten oder anerer
- 800 g Courgette
- 600 g Aubergine
- 6 Schalotten
- 6 Zéiwe Knuewelek
- 1 Chilischot oder Chilipolver
- 100 ml Olivenueleg
- Salz, Peffer
- Herbes de Provence
- Nach aner Gewierzer, jee no Goût
- ev. 300 g Feta oder anere Kéis
Instructions
- D’Grompere schielen an a Stécker schneiden.
- Eng Pan mat zimlech vill Olivenueleg hëtzen an d’Gromperen dodran ubroden.
- De Paprika schneiden an dobäiginn, mat de Kräider wierzen an alles duercherneeréieren.
- An eng grouss feierfest Form schëdden.
- D’ Tomaten, d’ Champignonen, d’ Schalotten (an ev. de Kéis) duerchschneiden, de Knuewelek nëmme schielen an alles bei d’Gromperen an de Paprika an d’Form ginn.
- Mat Salz, Peffer an dem Recht Gewierzer ofschmaachen an fir eng gutt hallef Stonn an de Schäffche bei 200 °C setzen. Heinsdo ëmréieren.