Notes
Tipp:
Nieft Péiterséileg sinn och aner frësch Kraider ganz gutt op de Mullen: Koriander mat Peffermanz, Basilikum, Zitrounemeliss, Thymian …
Ingredients
- 6 kg Mullen (1 kg Mullen/Kapp – kléngt vill, mee d’Mulle bestinn zu 80% aus Schuel. Bei ganz gudden Iesser 1,5 kg Mullen/kapp)
- 1 Putsch Péiterséileg
- 3 Schalotten
- 3 Zéiew Knuewelek
- ev. 1 Zitroun
Instructions
- D’Mullen ënner fléissendem Waasser botzen, am beschte mat enger klenger Wuerzelsbiischt.
- Déi Mullen, wou d’Schuel gebrach ass oder wou d’Schuel op ass, aussortéieren an ewechgeheien.
- D’Schalotten, de Knuewelek an de Péiterséileg reng haken an an enger Gamell mëschen. Déi gebotzte Mullen op de Grill mat décker Glous leeën.
- Wann d’Schuele vun de Mullen opginn, si se gutt. Dat dauert 3-5 Min.
- Déi fäerdeg Mulle mat enger Grillzaang vum Grill heulen an an eng Schossel oder en Dëppe maachen.
- Déi preparéiert Kraider iwwer déi nach waarm Mulle streeën, mam Bräiläffel duercherneeréieren an nach 2-3 Min. zéie loossen.
- Wie wëll, kann nach Zitrounejus driwwermaachen an da genéissen.