Gefëllten Ënnen am Sëlwerpabeier
Persons
6
Prep Time
30 minutes
Cook Time
20 minutes
Total Time
50 minutes
Notes
Tipp:
Amplaz vun enger Ënn kann een och anert Geméis huelen:
Paprika, déck Gromperen, 1/2 Courgette, grouss Champignonen …
Ingredients
- 6 déck Geméisënnen
- 1 Putsch Péiterséileg
- 1100 g Gehacktes
- 2 Eeër
- 2-3 ZL Miel
- Peffer (no Goût)
- Salz (no Goût)
- 4 Scheiwe (aalt) wäisst Brout
- 1 Taass Mëllech
- 200 g gerappte Kéis (Cheddar, Emmental oder Mix)
- Sëlwerpabeier
Instructions
- D’Ënnen aushielegen, sou dass nach 2-3- Loe Mantel bleiwen.
- D’Gehacktes an eng Schossel maachen.
- Den Inhalt vun 1 Ënn schneiden an op d’Gehacktes ginn.
- De Péiterséileg reng schneiden an op d’Gehacktes ginn.
- 2 Eeër opschloen an dropginn.
- D’Brout ouni Bord an der Mëllech opweechen, ausdrécken an op d’Gehacktes ginn.
- De gerappte Kéis no Goût op d’Gehacktes ginn.
- Dat Ganzt mat den Hänn gutt duerchmëschen.
- No Goût salzen a pefferen. Opgepasst: D’Gehacktes gëtt dacks scho beim Metzler gewierzt.
- Dat Ganzt dann nach eng Kéier duerchmëschen an dann an d’Ënne fëllen.
- Sëlwerpabeier duebel falen an eng gefëllten Ënn dropstellen.
- D’Ënn an de Pabeier awéckelen a fir 15-20 Min. d’Glous stellen.