Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 1500 bis 1800 g Gromperen
- 3 déck Ënnen
- Salz, Peffer
- Ueleg
Instructions
- D’Grompere schielen an a kleng Wierfele schneiden. Dann am Waasser ofwäschen, dass d’Gromperemiel ofgeet, da ginn d’Grompere méi krupseg, wa se gebrode ginn!
- D’Gromperen ofdréchnen, an de gliddegen Ueleg ginn a schéi brong brode loossen. Heiansdo dréien. Ëmmer den Deckel erëm dropmaachen, dass d’Gromperen duerch den Donst mëll ginn.
- No 25 Min. déi kleng gewierfelt Ënnen dropstreeën a 5 Min. mat broden. Déi lescht 5 Min. ouni Deckel broden.
- Mat Salz an ev. Peffer ofschmaachen.