Ganz Forellen am Sëlwerpabeier
Persons
6
Prep Time
20 minutes
Cook Time
20 minutes
Total Time
40 minutes
Notes
Tipp:
Amplaz op Grompere kaan een de Fësch och op Spargelen, Courgetten, Tomaten oder e Geméis-Mix leeën. De Fësch brennt net un an et huet een direkt eng Bäilag, an et kann direkt mat engem Rondel Brout aus dem Sëlwerpabeier eraus giess ginn.
Amplaz vun der Forell kann een och Saumon oder Cabillaud huelen.
Ingredients
- 6 Forellen
- 3 grouss Zitrounen
- 4 déck Gromperen
- 1 Putsch Péiterséileg
- 3 Schalotten
- faarwege Peffer
- réngt Salz
- Botter
- Sonneblummenueleg
- Alu-Pabeier (gutt Qualitéit)
Instructions
- D’Forelle botzen, falls dat nach net geschitt ass.
- De Fësch wäschen a mat Kichepabeier dréchen tuppen.
- De Péiterséileg graff haken.
- D’Schalotte réng haken.
- D’Zitrounen a Scheiwe schneiden.
- D’Gromperen a ca. 5 mm déck Scheiwe schneiden.
- D’Forelle bannen a bausse salzen a pefferen.
- De Bauch vum Fësch fëlle mat e bësse Schalott, Péiterséileg, 2 hallwe Scheiwen Zitroun an 1 Schnatt Botter.
- E grousst Stéck Alu-Pabeier huelen, duebel falen an eng Schossel draus maachen, sou dass d’Forell ganz dra passt.
- Ueleg an d’Schossele maachen.
- D’Gromperescheiwen op de Buedem vun de Schossele leeën a liicht salzen a pefferen. D’Forellen drop leeën a mat Péiterséileg, Schalotten an 2 Zitrounescheiwe bedecken.
- D’Schosselen uewen zoufalen an an d’Glous stellen.
- Oppassen!! De Fësch soll glaseg bleiwen, also net ze laang goe loossen.