Notes
Tipp:
Et kann een awer och gedréchent Quetschen, gedréchent Aprikosen, frësch Ananas oder Courgetten, Kiischten, Tomnaten etc. huelen fir op de Spiiss.
Ingredients
- 1000 g Rëndfleesch oder Schwéngefleesch (oder 500 g vu béidem)
- 2 grouss Geméisënnen
- 2 Paprika
- 200-300 g gereecherte Speck am Stéck
- Gewierzer oder Marinad no Goût
- 12 Spiissercher, aus der Heck geschnidden oder kaaft
Instructions
- D’Fleesch a ca. 3×3 cm grouss Wierfele schneiden, marinéieren oder wierzen.
- D’Ënnen a de Paprika a grouss Wierfele schneiden.
- Ofwiesselend Fleesch, Geméis a Speck op de Spiiss stiechen.
- 2 Spiissercher op de Kapp.