Skip to content
Jump to recipe
Flan
Cook Time
1 hour, 30 minutes
Total Time
1 hour, 50 minutes
Ingredients
- 500 ml Ram
- 250 ml Mëllech
- 1 Vanillstaang
- 2 ganz Eeër
- 3 Eegiel
- 110 g Zocker
Instructions
- Den Uewen op 150 °C virhëtzen. D’Ram, d’Mëllech a d’Vanillstaang mat de Vanillkären (dat sinn déi kleng schwaarz Kären an der Staang) an engem Dëppen alles eng Kéier opkachen. Beim Dëppe bleiwen an oppassen, dass näischt iwwerleeft. Sollt dat geschéien, d’Flamm méi kleng dréien.
- D’Eeër an d’Eegiel mam Zocker an enger Schossel gutt mëschen. No an no déi waarm Ram/Mëllech-Mëschung mat engem Schnéibiesem lues drënnermëschen.
- Dat Ganzt an eng feierfest Form (Pyrex) gi vun 1,5 Liter.
- Déi Form an engem Bain-Marie +/- 1:30 Stonn am Uewe bei +/- 150 °C baken.
- E Bain-Marie ass eng grouss Schossel mat Waasser, wou d’Schossel mam Flan drasteet. Oppassen, fir dass ëmmer genuch Waasser an der grousser Schossel ass.
- Et kann een och 6 kleng Schosselen huelen, da brauch ee se nëmme 50 Min. am Bain-Marie ze baken, bei 150 °C.
- Zu engem Thema kann een de Geschmaach vun der Crème variéieren, z.B. mat 2 Kanéilstaangen, 2 Sternanis oder ganz kleng Stécker Zitrouneschuel (Zeste de Citron). Dat muss awer vun Ufanl un an der Ram an der Mëllech mat opgekacht ginn.