Fësch an der Ananasschuel
Persons
6
Prep Time
1 hour, 30 minutes
Cook Time
20 minutes
Total Time
1 hour, 50 minutes
Notes
Tipp:
D’Ananas a ca 3×3 cm déck Stécker schneiden, op en Holzspiiss stiechen a grillen … super lecker!
Oder als Dessert e Muffin an der Orange maachen an owes eng Uebstzalot mat den Orangen, der Ananas an de Bananne maachen.
Ingredients
- 2 zeideg Ananas
- 800-1000 g Saumon oder Cabillaud
- Stryves-Marinad
- frësche Rosmarin
- frësche Peffermanz
- dënn Holzspiissercher (frësch aus der Heck geschnidden)
Instructions
- De Fësch wäschen a mat Kichepabeier dréchen tuppen.
- De Fësch a ca. 8×5 cm grouss Stécker schneiden.
- De Fësch fir 15 Min. an d’Marinad leeën.
- Iwwerdeems de Fësch marinéiert, d’Ananas a laang déck a breet Sträife schielen.
- Den Deckel an de Buedem vun der Ananas och halen.
- Ee Stéck Schuel huelen, an d’Schuel e Blat Peffermanz an e Stéck Ros,arin leeën, de Fësch drop leeën.
- Op de Fësch e Blat Peffermanz an e Stéck Rosmarin leeën.
- E Stéck Schuel huelen a mat der Bannesäit op de Fësch leeën.
- Dat Ganzt mat engem dënnen Holz-Spiiss zesummestiechen an op de Grill leeën.
- Oppassen!! De Fësch soll glaseg bleiwen, also net ze laang goe loossen.