Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 6 déck Gromperen (oder 12 mëttelgrousser)
- Botter
- Salz, Peffer
Instructions
- D’Grompere wäschen.
- Déi réi Grompere mat der Schuel direkt an d’Glous leeën an och mat Glous zoudecken.
- D’Grompere fir 45-60 Min. an der Glous leie loossen.
- D’Grompere bilde während där Zäit eng ca. 5 mm déck Kueleschicht, déi och brennt, mee bannendra kachen d’Grompere gemittlech duerch, ouni ze verbrennen. D’Kueleschicht wierkt als thermeschen Isolato.
- No 45 Min. eng Gromper mat der Grillzaang eraushuelen.
- D’Gromper der Längt no opschneiden a kucken, ob se mëll ass.
- De Rescht Gromperen eraushuelen an opschneiden.
- E gudde Schnatz Botter tëscht d’Gromper leeën.
- No Goût pefferen a salzen.