Skip to content
Jump to recipe
Ënnen-Speck-Brout
Total Time
1 hour, 30 minutes
Ingredients
- 400 g Spelzmiel (Dinkel)
- 3 kleng Ënnen
- 100 g gereecherten a gewierfelte Speck
- 3 ZL Olivenueleg
- 1 Pak Dréchenhief
- 1 TL Salz
- Botter a Miel fir d’Bakform anzefetten an anzestäuben
- Campinguewen-Form
Instructions
- An enger Schossel d’Spelzmiel, d’Salz an d’Hief vermëschen a mat 2-3 Tase Waasser zu engem net ze festen Hiefdeeg knieden.
- Den Deeg mat engem Bräiläffel schloen, bis e sech vum Buedem léist.
- Den Deeg 30 Min. zougedeckt op enger waarmer Plaz opgoe loossen (ev. um Bord vum Feier, d’Schossel vun Zäit zu Zäit dréinen).
- D’Ënnen an de Speck kleng wierfelen a mat Olivenueleg an enger Pan ubroden.
- Opgepasst: Mam Speck ufänken, wann dee baal krupseg ass, dann d’Ënnen dobäiginn.
- De Speck mat den Ënnen ënner den Deeg mëschen.
- D’Bakform gutt at Botter afetten a mat Miel bestäuben.
- Den Deeg an d’Form ginn a mat zouenem Deckel an op klenger Flam um Gas 45 Min. baken (Stäbcheprouf maachen).
- Dat Ganzt kann een och am Campinguewen um Feier oder am Dutch Oven maachen.