Notes
Opgepasst: Keng Noolen vum Taxus (Eibe) huelen, déi si gëft. Déi stinn oft a privat Gärt, mee et ginn der och am Bësch.
Ingredients
- gréng Spëtzte vum Dännebam
- Hunneg oder Zocker
- ev. Orange oder Zitroun
Instructions
- E gudde Grapp voll gréng Spëtzte vum Dännebam an eng Gamell maachen, a mat Waasser 10 Min. kachen. Mat Hunneg oder Zocker séissen, schmaacht awer och ouni ze séissen. Ganz gutt mat e bësse Jus aus enger Orange oder Zitroun.